JSL Legacy Lda. ass eng Firma, déi direkt Immobilie keeft am Distrikt vun Aveiro. Mir bidden eng einfach, séier an transparent Léisung fir Leit, déi hir Wunneng oder hiert Haus verkafe wëllen, ouni ze komplizéieren. Eist Zil ass et, alles sou einfach a kloer wéi méiglech ze maachen, sécher a fair, vum Ufank bis bei den Akte.
Mir sinn keng Agence Immobilière. Mir kafen direkt, ouni intermédiaire, ouni Kommissiounen an ouni verstoppte Käschten. Mir maachen just déi noutwenneg Visiten a baséieren eis Offer op enger éierlecher Bewäertung vum Haus oder vun der Wunneng, esou datt Dir mat voller Sécherheet kënnt decidéieren.
Bei JSL Legacy Lda. si mir der Meenung, datt den Haus- oder Wunnengsverkaf eng wichteg Décisioun ass. Dofir schaffe mir mat Éierlechkeet, Respekt an Transparenz an begleeden Iech op all Etapp, bis beim Akte, fir datt Dir Iech dobäi roueg a sécher fillt.
Wann Dir ärt Haus oder Appartement am Distrikt Aveiro séier an diskret wëllt verkafen, ass JSL Legacy Lda. do fir Iech ze begleeden.
Nieft dem direkte Kaf vun Immobilien begleet JSL Legacy Lda. och auslännesch Clienten, virun allem aus Lëtzebuerg, déi a Portugal am Immobilien wëllen investéieren. Mir wëssen, datt et net ëmmer einfach ass, eng Immobilie am Ausland ze kafen! Sprooch, Distanz an aner Gesetzer kënnen d’Saach schwéier maachen. Dofir si mir do, fir Iech éierlech a kloer ze begleeden.
Mir schwätzen Är Sprooch, erklären all Schrëtt vum Prozess an hëllefen Iech bei der Kommunikatioun mat allen Acteuren, fir datt alles einfach, sécher a transparent ofleeft. Eis Zil ass et, datt jiddereen, deen op eis zréckkënnt, sech wuel, gutt informéiert a sécher fillt an all sengen Décisiounen.